Informatiounen

D’Buch

Als gebiertege Lëtzebuerger a leidenschaftleche Genéisser, ass Iesse fir mech méi ewéi nëmmen Ernärung – et ass ee Stéck Kultur, een Deel vun eiser Identitéit an en Element dat verbënnt an dat Mënschen zesumme bréngt. Déi lëtzebuergesch Kiche steet dobäi am Mëttelpunkt vu menger Leidenschaft fir d’Kachen. Se vereent Traditiounen, déi vu Generatioun zu Generatioun weidergi sinn, mat den Aflëss vun eisen Nopeschlänner Frankräich, Däitschland an der Belsch.

© FabioDS Photography

An dësem Kachbuch wëll ech net nëmmen déi traditionell lëtzebuergesch Platen méi no bréngen, mee och weisen, wat ganz typesch op den Dësch kënnt. Déi lëtzebuergesch Kichen ass villfälteg a bitt eng Rëtsch buedemstänneg Schlabäizchen. Niewent zäitlose Klassiker ewéi Judd mat Gaardebounen oder Bouneschlupp fannen sech a dësem Buch och Alldagsplaten, déi mer Lëtzebuerger gären hunn – vun einfachen, häerzhafte Klengegkeete bis zu delikate Molzechte, déi ee bei engem Sonndegiessen mat der Famill genéisse kann.

© FabioDS Photography

Déi lëtzebuergesch Kiche verbënnt d’Léift zu regionale Zutate mat enger Leidenschaft fir d’Konscht vum Kachen. Sie bitt dobäi eng grouss Villfalt an erwächt schéin Erënnerungen. Dëst Kachbuch soll inspiréieren, an d’Welt vun der lëtzebuergescher Kichen anzedauchen, selwer néi Geschmaachserliefnesser ze entdecken a d’Freed a um gemeinsamen Iessen ze deelen – gutt Iesse bedeit nämlech a Lëtzebuerg och ëmmer ee Stéck Heemescht a Gemeinschaft.

E Gudde gewënscht!

Iwwer den Auteur

Ech sinn de Joel a vu Beruff Journalist an och Kachbuchauteur am Eegeverlag. Ech hunn e Master an de Mediewëssenschaften. Meng Passioun fir d’Kachen huet sech wärend der Pandemie entwéckelt: An där Zäit hunn ech mir verschidde Kachtechnike selwer bäibruecht an ugefaangen, Rezepter aus aller Welt nozekachen. All Kulture faszinéiere mech, an ech hu mir fest virgeholl, Platen aus all Land op der Welt ze probéieren.

© FabioDS Photography

Trotz dëser Virwëlz fir international Kichen hunn ech gemierkt, datt ech mech als Lëtzebuerger kaum mat menger eegener kulinarescher Traditioun beschäftegt hunn. Wéi ech am Kader vu mengem Masterstudium eegestänneg e Medium produzéiere sollt, hunn ech mech bewosst dofir entscheet, mech méi intensiv mat der traditioneller lëtzebuergescher Kichen auserneesetzen. Aus där Iddi ass mäi Kachbuch entstanen.

© FabioDS Photography

D’Buch ëmfaasst 46 lëtzebuergesch Rezepter, déi ech selwer gekacht a fotograféiert hunn. Et ass an den dräi Amtssprooche vu Lëtzebuerg verfaasst – Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Sou en dräisproochegt lëtzebuergescht Kachbuch huet, esou wäit ech weess, bis elo nach net existéiert.

Et ass mir wichteg, esou vill wéi méiglech selwer ze kachen an d’regional Kichen nei z’entdecken. Mäi Zil ass et, de Leit – onofhängeg vun hirer Hierkonft oder hirer Kach­erfarung – en authenteschen Zougang zur lëtzebuergescher Kichen ze bidden. Well gutt Iesse verbënnt. An et fänkt domat un, selwer de Kachläffel an d’Hand ze huelen.