Lëtzebuerger Genossmomenter

E Maufel aus dem Grand-Duché

Als gebiertege Lëtzebuerger a leidenschaftleche Genéisser, ass Iesse fir mech méi ewéi nëmmen Ernärung – et ass ee Stéck Kultur, een Deel vun eiser Identitéit an en Element dat verbënnt an dat Mënschen zesumme bréngt. Déi lëtzebuergesch Kiche steet dobäi am Mëttelpunkt vu menger Leidenschaft fir d’Kachen. Se vereent Traditiounen, déi vu Generatioun zu Generatioun weidergi sinn, mat den Aflëss vun eisen Nopeschlänner Frankräich, Däitschland an der Belsch.

©FabioDS Photography

Iwwer den Auteur

Ech sinn de Joel a vu Beruff Journalist an och Kachbuchauteur am Eegeverlag. Ech hunn e Master an de Mediewëssenschaften. Meng Passioun fir d’Kachen huet sech wärend der Pandemie entwéckelt: An där Zäit hunn ech mir verschidde Kachtechnike selwer bäibruecht an ugefaangen, Rezepter aus aller Welt nozekachen. All Kulture faszinéiere mech, an ech hu mir fest virgeholl, Platen aus all Land op der Welt ze probéieren.

© FabioDS Photography

Buch kafen